LTETT Summer Adventure

LTETT Summer Adventure

Am Virfeld zu desem Atelier hu mir d'I-Pads vun der Schoul reservéiert an se esou preparéiert, dass se direkt kenne benotzt ginn. Mir hunn dofir ob all I-Pad eng App de GarageBand missten drop lueden.

Als éischt huet de Kënschtler mat de Schüler zesummen e puer Froe gekläert fir an d'Thema Musik anzetauchen an och hier Musik besser kennen ze verstoen. Aus wat besteet e Lidd, wat brauch een alles dofir a villes méi hunn se zesummen ausgeschafft. Fir hinnen ze weisen wéi esou e Beat kéint sinn deen een an der App mache kann, huet de Ben hinnen schnn ee Beat préparéiert an den ofgespillt. Do konnt ee schonn di verschidden Tounspueren erkennen a gesinn wat alles zesumme wierkt, fir eppes ganzes kennen ze produzéieren. Fir dass di Jonk schnell kennen ufänken selwer ze produzéieren huet de Ben hinnen nach d'App erkläert an hinnen di verschidde Méiglechkeeten domadder emol opgefouert. Du war et un dene Jonken an se konnte lass leeen mat hierer eegener Produktioun. De Ben haat Kopfhörer matbruecht, esou dass all Schüler just seng eege Musik heieren huet an sech dorober konzentréiere konnt. Di Jonk waren alleguer komplett an der Aktivitéit dran. Verschiddener hunn no genauen Beats gesicht, wou de Ben hinnen eng gudd Hëllefstellung gebueden huet an hinne gewissen huet, dass een um Youtube sämtlech Tipps an Tricks am Ëmgang mat der App fennt. Anerer hunn sech ameséiert sech selwer opzehuelen, fir mam eegen Gesang e komplett Lidd ob d'Been ze stellen.

Se hunn sech getraut dat virun der ganzer Klass opzehuelen. D'App huet vill Soundeffekter an Instrumenter dran, dei een zesumme setzen kann oder esouguer mam instrument seng eegen Melodie ophuelen. Hei ass et e grousse Virdeel, dass de Ben musikalesch ass an och Ahnung vun deene verschiddenen Instrumenter huet. 

Sie kruten d`Aufgab vir e Beat ze produzéiere vun enger Minutt aus 2 Deeler. Dëst hunn di meescht gutt ëmgesat. Allerdéngs muss e soen dat Zeit ze kuerz war fir di Schüler wou et net direkt verstanenen haten oder eben ebessen mei lues geschafft hunn.

D'Schüler*innen hunn eng nei App kennegeleiert an der een sech net onbedéngt alleng verléiert mee wou een duerch d'Produktioun vun engem Lidd mat sengen Kollegen zesummen en flotte Moment verbrénge kann. Si hunn dech d'App zum greisten Deel direkt erofgelueden oder hunn esouguer zesummen un engerm Lidd geschafft. Musik vebënnt an esou hunn se eng Notzung vum Handy, wou se net alleng antauchen. Verschidde Schüler*innen déi drun deel geholl hunn, sinn eis am Laaf vum Joer opgefall, dass si oft d'Musik u verschiddenen Aktivitéiten fir all d'Matschüler*inne machen. Dës sin am Projet komplett opgangen an hu genial Kompositiounen erschaaft.

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: