Alex Fohl

Alex Fohl

Litérature

Mäin Numm ass Alex Fohl; ech trieden och ënner mengen zwee Pseudonymen Ed Webster a Spider op. All wichteg Informatiounen iwwert meng berufflech a kënschtleresch Aktivitéite fann Dir op menger perséinlecher Homepage www.thestage.lu Ech schaffe gäre mat aneren Artisten zesummen (mat Museker, Illustratoren, Fotografen, Art Designer ...) an entwéckelen interaktiv Konschtprojeten, zesumme mat Schoulen, Enseignanten an allen interesséierten Acteuren. D’Schreiwen an d’(Vir)Liese si meng Leidenschaft. Däitsch, Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch sinn d’Sproochen, an deenen ech mech ausdrécken. Ech sinn disponibel fir am EF an am ES ze intervenéieren. Ech sinn am Prinzip och bereet, an alle Regioune vum Land matzeschaffen, am léifsten awer am Süden an am Zentrum vum Land.

Contact

Website:

E-mail: contact@thestage.lu