Ben Konen

Ben Konen

Musique

Dir sicht no enger Aktivitéit fir är Schüler musikalesch ze begeeschteren, da sidd dir béi mir genau richteg. Ech bréngen äre Schüler Lidder béi, wou si sech duerch Bodypercussion, Iess-Stäbecher, Becheren a soss gängegem Schoulmaterial richteg amüseire wäerten. Mat Klassen déi Accès op Tablets oder Laptoppen hunn, besteet d'Méiglechkeet eege Reklamm ze schreiwen, wou d'Schüler nieft hirem Text och d'Hannergrondmusek a Soundeffects dobäi sëtze mussen oder am Sënn vum Songwriting als Klass een Text schreiwen an zesumme mat mir d'Musek fir den Text komponéieren. Als Enseignant den deelweis an engem Lycée, deelweis als Museksenseignant an enger Primärschoul schafft hunn ech vill Erfarung als Enseignant an hunn all meng Aktivitéiten déi ech proposéieren, reegelméisseg mat Schüler ausprobéiert. Ech si vu Mëttwoch bis Freides fir all Cycle souwie Lycée fir Workshops disponibel. Ganz no Wonsch kënne mir eis eemol, eemol am Mount oder souguer puer Deeg um Stéck gesinn fir eng Opféierung fir d'Schoulfest, eng Porte-Ouverture oder soss een Evenement virzebereeden.

Contact

Website:

E-mail: benkonen@gmail.com