Damien Giudice

Damien Giudice

Art

Hallo, mäin Numm ass Damien Giudice an ech hunn am Joer 2022 mäin Bachelor am Studiegang „Kommunikationsdesign“ zu Treier ofgeschloss, an mech haaptsächlech an den Analogen Drocktechniken spezialiséiert. Meng Leidenschaft fir Planzen, Déieren an Insekte spigelt sech an mengen Wierker zeréck.
Als Graphikdesigner leeën ech besonnesch Wäert op Propretéit an Léift zum Detail. Feeler ze maachen ass een Deel vum Prozess an ech hunn et immens gär et mam Zoufall ze schaffen. Mat all mengem Wëssen iwwer d’Analog Drocktechniken an Digitaler Grafikproduktion wëll ech mech dorop konzentréieren mengen Clienten een flotten Mix aus béiden Techniken unzebidden.

Seid 2 Joer sinn ech och ganz vill op den Kënschtlermarchéën ënnerwee an war och scho Deel vun diversen Ausstellungen.
Nieft menger Konscht sinn ech och elo scho säit 15 Joer aktiv een Deel an der Lëtzebuerger Musekszeen, an sinn och op verschiddensten lokalen awer och internationalen Bünen ze gesinn.

Schwéierpunkten: Linolschnëtt, Siebdruck, Acrylic-Pourring

Erfarung
• Op der Uni Tréier hunn ech 2 Semester ee Workshop gehalen am Linolschnëtt fir
d’Erstsemester, dobäi wären d Schüler fräi wat se maachen
• Um Aline&Arts hunn d Schüler all een oder méi, kléng Motiver geschnëtzt an och gedréckt.
Duerno goufen Déi all gemeinsam op grousse Plakater gedréckt. De ganze Prozess
(Linolschnëtter, Dréck, Plakater) goufe mat Succès, ausstellungsreif präsentéiert.
• Best of Prints Workshop w/ Damien Giudice @ City Museum Lëtzebuerg. Leit ab 16+
konnten sech aschreiwen an um Workshop deelhuelen. Ech hunn kleng Motiver am
viraus op Kalkpapeier virbereet, sou dat d’Participante just nach schnëtzen an
drécke mussen. Jidderee konnt mat engem oder méi, selwer gedréckte Prints rëm Heem
goen.
• Deemnächst ginn ech nach Workshops um „Crow-Field-Festival“ an „Opdakopp-Festival“
wou ech ee Workshop ubidden, de Lino sëlwer ze schnëtzen an dono op Textil ze drécken.
(Totebags, T-Shirt, etc.)
• Ech géif an Zukunft ganz gär ee grousse Projet starten, wou d’Schüler hier d’Motiv selwer
virzeechnen, schnëtzen, an drécken. Dono géif dat gescannt an digitaliséiert ginn, an am
Siebdruck op Textil gedréckt ginn. Schüler kënnen sou hier eege Mark erfannen, an kënnen
sou och hier Graphikdesignkenntnisse erweideren.
• Ech schwätzen Lëtzebuergesch, Däitsch an wier och anverstanen Englesch virun der Klass
ze schwätzen.
• Schoulniveau: Nëmmen ES
• Meng Disponibilitéit ass flexibel.
• Ëmkrees: Clierf, Wolz, Dikrech, Miersch, Mamer, Junglinster, Staat, Esch-sur-Alzette

Contact

Website: /

E-mail: nicedamien.arts@gmail.com