Isabelle Mattern

Isabelle Mattern

Art

Als fräischaffend Designerin setzen ech mech gäre mat verschidde Kommunikatiounsméiglechkeeten auserneen: Grafik, Illustratioun, Zeechnen, Collage, verschidden Drocktechniken (Stempel, Linol, Sérigrafie, Risografie, Letterpress, …) Schrëftgestaltung an Editioun - am Praktesch/Ugewante souwéi och am Konzeptuellen.

Meng Studien hunn ech am Beräich vun der Communicationvisuelle - Illustratioun an Zeechnen (Paräis), am Graphic Design - Design an Interaktioun op der Central Saint Martins (London) an e Master am Communication Design - Experimental Communication um Royal College of Art (London).

Ech schaffen och als Freelance Mediatrice a Muséeën (Casino Forum Luxembourg, Villa Vauban, Luxembourg City Museum an Konschthal Esch). Duerch d’Visitten a Workshops an de Muséeë ma och duerch Kollaboratioune mat Institutioune wéi dem Centre Formida a ProSud MiNELL hunn ech scho konnten Erfarunge sammele mat EF an ES, iwwer kuerz wéi och trimesteriell Projeten.

2022 hunn ech d’Formatioun an der Médiation Culturelle an en Design|Kunstpädagogik Lehrgang gemaach an u verschidde Reggiopädagogik Formatiounen Deel geholl.

Ech engagéiere mech och am Designkollektiv inProgress fir newcoming Designers ronderëm Lëtzebuerg.

Jee no Zäit an Dauer kënnen an engem oder an enger Serie vu Workshops verschidde Kommunikatiounsaart a Weise zesummen als Grupp entwéckelt ginn - vu Posteren, Fanzines, Schrëften, Illustratiounen, Serië ma och aner grafesch Exploratiounen - gären och mat Reschtmaterialien.

Ech si baséiert am Süden zu Esch/Uelzecht an am 1535° zu Déifferdeng, a ka mech am ganze Land deplacéieren.

Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch, Däitsch

Meng Disponibilitéiten si flexibel a meng Workshops kënne sech un di verschidden Niveauen upassen. 

Contact

Website: www.isabellemattern.com

E-mail: matternisabelle@gmail.com