Julie Conrad

Julie Conrad

Design

Produktdesignerin, säit 10 Joer selbstänneg (mëttlerweil mat sàrl) zu Lëtzebuerg mat engem Studio fir Produkt a Grafik-design mam Fokus op kleng lokal Produktiounen fir Privat a Geschäftsclients, Consulting a Workshops.

E besonnesche Wäert leeën ech bei der Produktioun dorop datt esou vill wéi méiglech mat Récup an natierleche Materialie geschafft gëtt. Ech kann op Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch an Däitsch Cours halen, an dëst fir all Niveauen.
Mäin Horaire ass flexibel, et sollten awer ëmmer wéinstens 4-6 Stonne Workshops (kënnen opgedeelt sinn) an engem Dag stattfannen, an enger Géigend, fir net méi am Auto ze sëtze wéi virun der Klass ze stoen.

Ech hunn Erfarung mat Workshops a Museeën (Casino - Forum d'Art Contemporain, Mudam), Schoulen an ausserschoulesche Programmer (Lycée des Arts et Métiers, BGL Summerschool,...), an hunn 2 Joer laang 4 Stonnen d'Woch am Project Squat vum SNJ als Encadrant vun de Jonke geschafft a mat hinnen hir Projeten opgesat, an zB Saache mat hinnen aus verschiddene Materialien um Lasercutter realiséiert.

www.jcds.lu

Contact

Website: www.jcds.lu

E-mail: julie@jcds.lu