Lisa Fonseca

Lisa Fonseca

Art

Mäin Numm ass Lisa Fonseca. Ech war nach ëmmer ganz kreativ, hunn ëmmer gemolt, gebastelt a gär kreéiert. Ech hunn am Lycée meng 2e a 1ère an der Konschtsektioun gemaach an ech sinn 2007 mat mengem Bachelor en Sciences de l'Éducation färdeg ginn. Ech hu 15 Joer als Enseignante am C1 geschafft. A menger Klass hunn d'Kanner oft grouss an extra Saache gebastelt, verschidden Technike geléiert an hu vill verschidde Materialie kennegeléiert.

Privat, maachen ech säit 2017 Scrapbooking. Dat ass wahrscheinlech net jidderengem bekannt... Am Scrapbooking benotzt een 30x30cm Blieder, wou een eng Foto dokumentéiert an dëst Blat da ganz flott dekoréiert. Ech hunn do scho ma ganz ville weltwäite Marken zesumme geschafft a sinn an England, an Italien an an d'USA invitéiert ginn fir do ze "teachen".

Wat ech de Kanner/Jugendlechen an de Klassen ubidden, ass eng ganz flott 3D Bastelaarbescht, wou d'Kanner kreativ kënne sinn, mee och hir Technike verbessere kënnen. Mer kënnen awer och an de Scrapbooking eran an zesummen eng flott Säit oder eng schéin Toile entwerfen.

Ech géif ganz gär an d'Klasse selwer goen an do 4-6 Stonnen mat de Kanner eppes kreéieren.

Ech schwätze Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.

Ech komme ganz gär an all Schoulniveau schaffen, EF an ES.

Ech sinn all Dag, all Auerzäit disponibel.

Ech géif vum Süden, bis Ëmgéigend, Réideng, Miersch, Mertert erop fueren.

 

Contact

Website: /

E-mail: lisa.fonseca@education.lu