Bicheratelieren mam Claudine Furlano vu Zoom Editions

Bicheratelieren mam Claudine Furlano vu Zoom Editions

Am Januar 2024 goufe bei eis an der Schoul 13 Bicheratelieren mam Claudine Furlano vu Zoom Editions ofgehalen.
D’Atelieren hunn an den eenzele Klasse vum Zykle 1- 4 stattfonnt an hu jeeweils 1 Stonn gedauert. D’Aktivitéit war dem Altersniveau ugepasst. An all Atelier hunn d‘Schüler e kléngt Leporelo Bichelche kritt, dat se selwer konnte gestalten. D‘Kënschtlerin huet hinnen dofir vill Illustratiounsmaterial, Stempelen, Stickeren, …zur Verfügung gestallt.
Am C1 an am C2.1 gouf eng Geschicht mat Hëllef vum Kamishibai-Erzieltheater erzielt. Duerno kruten d’Kanner hiert Leporelo-Bichelchen (mat eenzele klenge Virgaben an Ureizer), dat se mat Collagen, Stempelen an eegenen Illustratioune konnte vervollstännegen.

Am Zykle 2.2 huet d’Claudine Furlano de Kanner eng Geschicht mam Kamishibai erzielt. Si kruten duerno och e Leporelo-Bichelchen. Dora sollten si selwer eng kleng Geschicht, an Uleenung un déi erzielte Geschicht, erfannen, illustréieren a beschrëften. Si konnten op Billercher, Stickeren, Stempelen a faarweg Pabeieren zréckgräifen.

Am Zykle 3 gouf de Wee vum Buch mat den eenzelnen Etappen a Beruffer virgestallt: vum Auteur an dem Illustrator iwwer de Verlag, d’Dréckerei, de Verkaf bis bei de Lieser. Uschléissend konnten d‘Schüler hir eege Geschicht am Leporelo-Bichelchen erfannen an illustréieren.

De Wee vum Buch gouf och am Zykle 4 thematiséiert. Duerno haten d’Schüler d’Aufgab hiert eegent kléngt Reesbichelchen an en imaginäert Land ze kreéieren.

Di kleng Bichelcher goufen net all fäerdeg wärend dem Atelier. D’Enseignanten hunn duerno mat de Kanner weider dru geschafft.
D’Atelieren hunn de Kanner an den Enseignanten gutt gefall.

Gallery

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: