Comics mam Andy Genen

Comics mam Andy Genen

Den Andy Genen war an der Woch vum 5.Juni bis 10. Juni an onsere 4 Klasse vum Cycle 4. Hien ass pro Klass ee ganze Mueren an d'Schoul komm.

Fir unzefänken huet den Andy de Schüler seng eege Comics gewisen an huet hinnen erklärt wéi een e Comic zesummestellt. Dann huet hie matt de Kanner zesummen no Ideeën fir eng flott Geschicht gesicht, baséiert op engem Thema, dat mir grad an der Schoul behandelen. (z.B. Thema Déieren, Thema "Tour du monde"...) Wéi d'Geschicht bis stoung an a Sätz op der Tafel verfaasst war, huet den Andy de Kanner déi eenzel Figuren aus der Geschicht fräi un d'Tafel gemoolt.

(Dës Figuren haten d'Kanner sech selwer ausgesicht) D'Schüler kruten dunn Zäit, déi Figuren ofzezeechnen a soumatt ebësse fir hire Comic ze üben. Am Uschloss krutt all Schüler eng Szene vun der Geschicht zougedeelt an duerft heifir e Bild op eng Kärtchen zeechnen.

Aus all de Biller gouf dono e superflotte Comic zesummegesat. De Comic gouf all de Schüler ausgedeelt a si duerften dee matt heem huelen.

Gallery

Contact

Website:

E-mail:

Phone:

Address: