Wéi an u wien schécken ech d’Demande de financement eran ?
Esoubal mir d'Demande kritt hun, schécken mir Iech eng Konfirmatioun dass är Demande bei eis ukomm ass.
Esoubal mir d'Demande kritt hun, schécken mir Iech eng Konfirmatioun dass är Demande bei eis ukomm ass.
Dir fannt bei de Profiller vun den Kënschtler all néideg Kontaktinformatiounen.
Wann der eng Fro sollt hunn, op déi der op dësem Internetsite keng Äntwert fannt, kënnt der eis en E-Mail schécken op info@kulturama.lu.
Doropshin, wäert déi Persoun déi responsabel fir dës Initiativ ass Iech kontaktéieren fir Iech all néideg Informatiounen ze gin.
/
Mir invitéieren Iech, Iech duerch des Rubrik duerch ze klicke well dir fannt hei net nëmmen Inspiratioun fir déi nächst Projete mee och Informatiounen zu dem Choix vun der Artistin, respektiv dem Artist, den Oflaf vum Projet an d'Kollaboratioun tëschent dem Léierpersonal an der Artistin, respektiv dem Artist.
Wann der nach sollt Froen zu de Modalitéiten hunn, da kënnt der eis gären en E-Mail maachen op info@kulturama.lu oder eis en Message iwwert de Kontaktformulaire vun dësem Site zoukomme loossen.
Des Virdréck mussen net obligatoresch vun Iech genotzt ginn. Dir kënnt eis gären är Facture baséierend op ärem eegene Modell era gin.
Zousätzlech, fir dass mer är Foto an d'Beschreiwung vun ären Aktivitéite kënnen op Kulturama publizéieren, ass et néideg eis d'Dokument "Averständnes" ze ënnerschreiwen an och per E-Mail un info@kulturama ze schécken.