Wat ass kulturama.lu?
Mat der Plattform kulturama.lu versicht de SCRIPT d’Beräicher vun der kultureller Bildung a vun der Kulturvermëttlung an der Schoullandschaft weider ze fërderen, an Initiativen z’ënnerstëtzen, déi kulturell Voleten an de Schoulen uviséieren. Dësen Neiopbau vum Kulturama-Site fënnt bewosst während dem Kulturjoer Esch 2022 statt a wëll op dësem Wee nach eng Kéier d’Wichtegkeet vun der kultureller Bildung ënnersträichen.
Wat fënnt een op kulturama.lu?
Op kulturama.lu fënnt een Initiativen am Beräich vun der kultureller Bildung, déi entweder vum SCRIPT ugebuede ginn oder déi an Zesummenaarbecht mat Partner ausgeschafft goufen. Nieft dësen Offerten ass et och nach ëmmer méiglech, fir mat Kënschtler a Kënschtlerinnen zesummen e Projet unzefroen, deen vum SCRIPT, an Zesummenaarbecht mam Kulturministère, zum Deel matfinanzéiert gëtt.
Zum anere geet et bei kulturama.lu dorëms, fir Léierpersounen resp. Schoulen – sief et am Fondamental oder am Secondaire – d’Méiglechkeet ze ginn, op sämtlech Informatioune vu kulturellen Institutiounen aus Lëtzebuerg zréckgräifen ze kënnen. Hei fënnt een ë. a. och Ëffnungszäiten a Kontaktpersounen.
Fir wien ass dëse Site?
Dëse Site huet d’Zil, fir d’Schoulwiesen an d’Kulturwelt e Stéck méi no zesummen ze bréngen.
Fir Léierpersounen
Dir wëllt äre Schüler a Schülerinnen d‘kulturell Welt méi no bréngen an hinnen kreativ Aspekter weisen? Dir wëllt op kreativ Projeten zréckgräifen oder mat (externe) Partner zesummeschaffen?
Dir sicht no kulturelle Insitutiounen, fir eng Visitt z’organiséieren?
Fir Schüler a Schüler*innen
Du intresséiers dech fir kulturell Initiativen, du wëlls wësse wat op an hannert der Bün passéiert a wëlls selwer kreativ ginn? Du interesséiers dech fir e Beruff a wëlls méi doriwwer gewuer ginn? Du wëlls däi kreatiivt Talent fannen? Du wëlls wësse wéi eng kulturell Institutiounen et am Land gëtt? Du wëlles uptodate sinn, wat esou lass ass am Land?
Wann s du op eng vun deene Froe wëlls eng Äntwert fannen, da klick dech duerch de Site an fann e flotte Programm fir dech oder deng Klass.
Wie kann dorun deelhuelen?
Um Niveau vun de Léierpersounen: Alleguer d’Léierpersounen a Mataarbechter aus dem Fondamental wéi och dem Secondaire kënne Projeten erareechen, fir eng finanziell Ënnerstëtzung fir den Expert vu Säite vu SCRIPT a Kulturministère unzefroen. Dëst um Niveau vun enger Klass oder an Zesummenaarbecht tëscht méi Léierpersounen op Niveau vun enger Schoul.
D’Léierpersoune verflichte sech:
- fir während dem Projet zu all Moment an der Klass dobäi ze sinn,
- fir zesumme mat der Kënschtlerin oder dem Kënschtler um Projet ze schaffen,
- fir nom Projet e kuerze Rapport a Form vun enger “good practice” eranzeginn, déi op kulturama.lu verëffentlecht gëtt; dëst fir anere Léierpersounen ë. Ë. nei Iddien an Ureegungen ze ginn.
Um Niveau vun den Experten: Kënschtlerinnen a Kënschtler wéi och Konschtpädagoginnen a -pädagogen aus der Kultur, déi Projeten am Kontext vum schouleschen Unterrecht ubidde kënnen (de Formulaire fannt dir an der Rubrik Documents). Fir op kulturama.lu opgelëscht ze ginn, mussen d’Experten spezifesch Kritären erfëllen, déi mat hinne beschwat ginn. Aus Grënn vun Transparenz a Gläichberechtegung verflichte sech déi interesséiert Kënschtlerinnen a Kënschtler ausserdeem, zu dem gemeinsamen Tariff z’intervenéieren. Domat gehéiren se zu engem Kënschtler- resp. Artistepool, deen de Léierpersounen iwwert kulturama.lu zur Verfügung steet (de Formulaire fannt dir an der Rubrik Documents).
Kulturell Initiativen an Offerten
Nieft de kulturellen Insitutiounen an den interesséierten Experten fannt dir och nach weider Initiativen, déi vum SCRIPT alleng oder vu konventionéierte Partner ugebuede ginn. Dës Initative sinn och fir all interesséiert Léierpersounen.
D'Offer vun dësen Initativen ass ganz ënnerschiddlech. Se ënnerscheede sech:
- nom Public Cible: zum enge gëtt et Projete fir de Fondamental, anerer viséieren de Secondaire un;
- nom Lieu: verschidden Offerte goufen fir de Klassesall konzipéiert, anerer sinn awer an engem kulturelle Lieu;
- nom Produit: dat meescht sinn Initiativen, et fënnt ee bei den Offerten awer och Publikatiounen, digital Applikatioun a villes méi;
- no der Verfügbarkeet: verschidden Offerte gi just fir eng maximal Unzuel u Klassen ugebueden. Et kann also sinn, datt d'Offer net d'ganz Joer verfügbar ass;
- no der Kontaktpersoun: well hei ganz ënnerschiddlech Partner zesummewierken, gëtt via d'Email-Adress info@kulturama.lu déi responsabel Persoun vum SCRIPT kontaktéiert.
Oflaf
Eng Léierpersoun kontaktéiert e Kënschtler/ eng Kënschtlerin vun der Plattform, a si definéieren zesummen e Projet, dee si eraschécken (de Formulaire fannt dir an der Rubrik vun den Dokumenter).
Opgepasst: De Projet kann eng Klass oder och méi Klasse betreffen. Fir e Projet kënnen een oder méi Expertenr ugefrot ginn (insgesamt 50 Stonne fir e Projet). Heibäi ginn:
- den innovative Charakter vum Projet beschriwwen,
- uviséiert Resultater, Methoden a Kompetenze definéiert,
- duergeluecht, firwat eng Interventioun vum Kënschtler, der Kënschterlin gebraucht gëtt,
- an a wéi enger Form den Expert der Léierpersoun am beschten hëllefe kann resp. wéi hir Zesummenaarbecht ausgesäit.
No dem Eraschécke vun dem Dossier an enger innerministerieller Consultatioun kritt d’Léierpersoun zäitno eng Äntwert iwwer déi finanziell Bedeelegung. Ab dësem Moment kuckt d’Léierpersoun, zesumme mat dem Expert, de Projet an der Klass/Schoul ze realiséieren. No dem Projet an dem Erareeche vun engem kuerze Feedback gëtt déi accordéiert finanziell Bedeelegung, no Virleeë vun enger Rechnung, un den Expert iwwerwisen (D'Modeller vun den Facturen fannt dir an der Rubrik Documents).